Dir wëllt Mängel un ärem Laachen korrigéieren?
Ästhetesch Zänndokterie besteet doran, äert Laachen ze verschéinern an ze verbesseren. Si ëmfaasst verschidden Behandlungen wéi Zänn bleechen, Facetten oder och Krounen, fir d’Form, d’Faarf oder d’Alignement vun ären Zänn ze verbesseren, fir äert Lächelen méi ästhetesch a harmonesch ze maachen.
Dir wëllt een oder méi Zänn ersetzen?
Implantologie besteet doran, déi feelend Zänn mat kënschtlëschen „Titanwuerzelen“ ze ersetzen. Op dësen Implantater ginn dann Prothesen wéi Krounen, Bridges oder auszéibar Prothesen fir d‘Ästhetik an d’Funktioun vun den Zänn op enger dauerhafter Manéier nees hiergestallt.
Stomatologie konzentréiert sech op d‘Krankheeten an d’Behandlungen vum ganzen Mond: de Zänn, d‘Zännfleesch, d’Sprooch, de Kiefer an d’Umgebungsgeweber.
Eisen Stomatolog, den Dr. Freminet, behandelt eng breed Palette vu Problemer wéi d’Extraktioun vun den Wéisheetszänn, d’Trouble mam „temporo-mandibulaire“ Gelenk, sou wéi d’Tumoren oder Läsionen am Mond.
Dir wëllt eng gutt Bucco-Dentalgesondheet erhalen?
Et ass wesentlech, op erhalend Behandlungen ze setzen wéi Zännbelag eweghuelen, d‘Behandlung vu Karies an Restauratiounen. Dës Behandlungen spillen eng entscheedend Roll an der Präventioun an der Behandlung vu Zännproblemer, fir är Zänn esou laang ewei méiglech ze erhalen.
D’Endodontie konzentréiert sech op d’Traitement vum banneschten vun den Zänn.
Wann en Zant infizéiert oder staark beschiedegt ass, ass et néideg eng Wurzelbehandlung ze maachen, fir déi infizéiert Pulp fortzehuelen, den Inhalt vum Zant ze botzen an den Zant erëm ze verschléissen, fir den natirleche Zant ze erhalen. Den Dr. Mourot huet sech op dës Disziplin spezialiséiert an féiert Är Behandlungen ënner engem Mikroskop duerch.
Hutt Dir Péng am Kiefer? Héiert Dir en klacken?
D‘Occlusodontie konzentréiert sech op d’studéiere vun der Occlusion, dat heescht, wéi déi iwescht Zänn an déi ënnescht zesumme passen, wann de Mond zou ass. Et geet dorëms, d’Problemer mam „temporo-mandibulaire“ Gelenk ze verstoen an ze korrigéieren, fir de Komfort, d’Kaufunktipub an d’Reduktioun vun den muskulären Spannungen am Kiefer ze verbesseren.
© COPYRIGHT 2025 tous droits reservés. cabinet dentaire ora